Waasser vum Krunn, well ech et gären hunn!

Wéi schonn déi Jore virdrun huet de Schäfferot de Kanner aus dem Cycle 1 Waasserbidongen iwwerreecht. D‘Bidonge sinn aus Metall an nohalteg a kënnen doduerch fir eng länger Zäit benotzt ginn. Dëst soll d’Kanner animéiere keng Plastiksfläsche méi ze benotzen: An all Schoulgebai kennen d‘Kanner hir Bidonge gratis bei de Waasserspender opfëllen.