Schoulfester 2024

Zum Ofschloss vum Schouljoer 2023-2024 waren an de Schoulen Habscht-Äischen a Simmer och dëst Joer flott Schoulfester. Den 12. Juli sinn am Nomëtteg vill Aktivitéite fir d'Kanner aus der Schoul Habscht-Äischen an der Schoul „Vir Wëller“ organiséiert ginn. Facepainting, eng Fotobox a Sprangschlässer hu fir Ofwiesslung gesuergt, och vill Eltere ware präsent. De 15. Juli war et un de Kanner aus der Schoul Simmer. Fir hire Joresofschloss ware sportlech Aktivitéiten a Geschécklechkeetsspiller queesch duerch d’ganzt Duerf organiséiert ginn. De Schäffen- a Gemengerot wënscht de Kanner an dem Léierpersonal eng schéi Summervakanz.