Pakt vum Zesummeliewen

Nom Pilotprojet vum Pakt vum Zesummeliewen an eiser Gemeng, hunn de Buergermeeschter Serge Hoffmann, de Schäffe Carlo Moes, d’Schäffin Diane Welter-Karger an d’Astrid Mosel-Kneip als Presidentin vun der Kommissioun fir d’Interkulturellt Zesummeliewen am Familljeministère, den 18. September, mam Ressortminister Max Hahn, de Pakt vum interkulturellen Zesummeliewen ënnerschriwwen. Mat dësem Pakt engagéiert sech d’Gemeng Habscht ënnert anerem fir d’Zesummeliewen tëschen de Bierger a géint all Form vun Diskriminatioun. Zesumme mat eiser Kommissioun wäert d‘Gemeng an de nächste Joren de Pakt mat konkrete Mesuren ëmsetzen am Sënn vun enger partizipativer Gesellschaft.

2024_09_18_Pakt vum Zesummeliewen