Frëndschaftsbesuch vun der Gemeng Kanfen

An der Salle Union zu Habscht hat d’Kommissioun fir d’frëndschaftlech Verbindung mat Kanfen zesumme mat der Gemeng Habscht op eng Konferenz invitéiert. Eng Delegatioun vum Gemengerot an der entspriechender Kommissioun vu Kanfen ware present.

Den Denis Baur, Buergermeeschter vu Kanfen, an de Roland Di Bartoloméo, 2. Schäffen, hu mat hirem Virtrag d’Spectateuren zeréck an d’Vergaangenheet gefouert an erzielt wéi et, opgrond vun de geschichtleche Verbindungen tëscht der fréier Gemeng Simmer an der Gemeng Kanfen, zum “Lien d’amitié” koum.

No der Präsentatioun goufe Fotoe vu fréiere Frëndschaftsbesich gewisen a bäi engem Patt Erënnerungen opgefrëscht.