« Aktioun Päiperlek » an der Gemeng Habscht

« Aktioun Päiperlek » an der Gemeng Habscht

D’Aktioun Päiperlek huet zum Zil, naturno Gréngflächen ze schafen, fir datt Päiperleken, Beien a vill aner Bestëbser eng Varietéit u Blumme mat vill Nektar fannen, deen si brauche fir ze liewen.

De fréiere Paschtoueschgaart zu Äischen ass d’läscht Joer vum SICONA fir Mënsch a Natur iwwerschafft ginn. Fir der Ambiance vun der Plaz gerecht ze ginn, goufen typesch Planzen, Kichen- an Heelkraider aus biologeschem Ubau, änlech wéi an engem Klouschtergaart, geplanzt. Oregano, Thymian an och Bratzelen oder Péiterséileg kënnen d’Passanten zum Beispill hei fannen. Stauden, déi laang, vill a faarweräich bléien, bidde quasi d’ganzt Joer iwwer fir d‘Insekte Fudder an eng Stopp.

Eng grouss Terrass ass och renovéiert ginn a ronderëm stinn Uebstbeem, zum Beispill Quidden, an Hecken, wéi Hammbier oder Molbier, bäi deenen de Mënsch sech och kann zerwéieren. De Site gëtt extensiv ënnerhale fir den Notze vu Mënsch an Insekten.

« Aktioun Päiperlek » dans la commune de Habscht

« Aktioun Päiperlek » a pour but de créer des espaces verts proches de la nature afin que les papillons, les abeilles et de nombreux autres pollinisateurs puissent trouver une grande variété de fleurs riches en nectar, nécessaires à leur survie.

L'ancien jardin du curé d'Eischen a été revu l'année dernière par SICONA pour l'homme et la nature. Afin de respecter l'ambiance du lieu, des plantes typiques, des herbes culinaires et médicinales issues de l'agriculture biologique ont été plantées, un peu comme dans le jardin d'un monastère. Les passants peuvent par exemple y trouver de l'origan, du thym, mais aussi de la ciboulette ou du persil. Des plantes vivaces à la floraison longue et colorée offrent quasiment toute l'année de la nourriture et des cachettes aux insectes.

Une grande terrasse a également été rénovée et tout autour se trouvent des arbres fruitiers, par exemple des coings, et des haies comme des framboisiers ou des myrtilles, dont les personnes peuvent également se servir. Le site est géré de manière extensive pour le bénéfice de l'homme et des insectes.